Skip to content
← Back to job listings

Diploméierten Erzéier (w/m/x) - Résidence Wormer zu Wormeldange

APEMH Hébergement et Services A.S.B.L. · Luxembourg

External listingcontract2 months ago

About The Role

Ee Diploméierten Erzéier (w/m/x) - Résidence Wormer zu Wormeldange

D'APEMH - Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Résidence Wormer, ee diploméierten Erzéier (w/m/x) fir 20 Stonnen/Woch – CDD (Dispens + Congé Maternité + Congé Parental), fir ab den 01.03.2026

Wann de Posten Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

Obligatoresch Ufuerderungen

D'Kandidate sollen

Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn

Beruffserfarung hunn

Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren

Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen

eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen

Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen

De Führerschäin Klass B hunn

Wënschenswäert Ufuerderungen

Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

Mir bidden

attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.

en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

This is an external listing. JobSpring does not represent or verify the employer. Report this listing