Skip to content
← Back to job listings

Schoulbusbegleeder 2026-2027 (m/w/d)

Voyages Emile Weber, Sàrl · Luxembourg

On-siteImported listingcontract11 days ago

About The Role

Als eng vun de féierende Persounentransport- an Touristik-Entreprisen zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun, beschäftegt Voyages Emile Weber méi wéi 2.300 Mataarbechter.Fir d'Schoulrentrée 2026-2027 siche mir Schoulbusbegleeder (m/w/d) fir a verschidde Gemengen oder Schoulsyndikater am Ëmkrees vu Canach mam Schoulbus matzefueren.D‘Plaz• Dir fuert virun der Schoul an no der Schoul am Schoulbus mat• Dir suergt fir e stressfräien a séchere Schoulwee mam Bus• Dir suergt fir Disziplin an Uerdnung am Bus• Dir kontrolléiert op all Kand ugestréckt ass a sëtze bléift Äre Profil• Dir sidd pünktlech, verantwortungsbewosst, flexibel a kënnt gutt mat Kanner ëmgoen• Dir schwätzt gutt Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch• Dir sidd à même en eventuellt ondisziplinéiert Verhale vun de Kanner fréizäiteg z'erkennen an entspriechend roueg ze handelen• Dir wunnt idealerweis an der Géigend vun eiser Entreprise.• Dir hutt de B-Führerschäin, en eegenen Auto a kennt Iech zu Lëtzebuerg aus. Eis Offer• Eng interessant Plaz an enger dynamescher Entreprise, déi weider um Wuessen ass• E Kontrakt CDD fir 20 Stonnen d'Woch• Aarbechtsplaz: Canach

This is an external listing. JobSpring does not represent or verify the employer. Report this listing