Skip to content
← Back to job listings

Educateur diplômé / Educateur gradué - Internat Ettelbréck (m/f/nb)

arcus Kanner, Jugend a Famill A.S.B.L. · Luxembourg

On-siteImported listingfull-time3 days ago

About The Role

Educateur diplômé / Educateur gradué (M/W/NB) - Internat EttelbréckMir siche fir d'Internat Ettelbréck en Educateur diplômé (M/W/NB) am CDI mat 30 Stonnen/WochD'Internat Ettelbréck begleet a ënnerstëtzt Schülerinnen a Schüler tëscht 12 a 25 Joer an hirem Alldag an op hirem perséinlechen Entwécklungswee. Eist Zil ass et, déi jonk Leit ze stäerken, fir datt si aktiv a verantwortungsvoll hir eegen Zukunft kënne gestalten. Fir eis engagéiert a multidisziplinär Ekipp ze verstäerken, siche mir eng motivéiert Persoun, déi hir pedagogesch Kompetenzen, hir Kreativitéit an hir Begeeschterung an d'Aarbecht mat jonke Mënschen abréngt. Bei eis hues du d'Méiglechkeet, aktiv un der Gestaltung vun engem nohaltegen, liewegen a wäertschätzende Liewens- a Léierëmfeld matzewierken an d'Entwécklung vun eise Schülerinnen a Schüler positiv mat ze gestalten.Deng Aufgaben:Encadrement vu Kanner an hirem AlldagEntwécklung vu Bildungssettings, déi individuell un d'Entwécklung vun de Jugendleche ugepasst sinn, sou datt si sech beschtméiglech op d'Ufuerderunge vun der Schoul virbereede kënnenUleedung zu engem kreative Bildungs- a FräizäitverhalenËnnerstëtzung bei allen alldagsprakteschen Aufgaben am Hibléck op d‘Verselbstännegung vun den JugendlecherEng enk Zesummenaarbecht mat den Elteren a mam Schoulpersonal fërderenDäi Profil:Du hues een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als ErzéierDu bass op fir Neies a kanns flexibel an autonom schaffenDu bass strukturéiert, organiséiert a kanns gutt observéieren an dokumentéierenDu bass kreativ an der Gestaltung vu BildungsprozesserDu kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzenDu bass flexibel wat d'Aarbechtszäiten ugeet (Dag- a Nuetsschichten)Wat dech erwaart:Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffenEng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SASEn ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngenWeiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bassEn dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär AarbechtsëmfeldIwwert eis :arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l'enfance et à la famille an de Services d'éducation et d'accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu sengen 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.(bei enger Astellung froe mir de casier judiciaire)

This is an external listing. JobSpring does not represent or verify the employer. Report this listing