Skip to content
← Back to job listings

Aide-Educateur (w/m/x) - SEAI Kokopelli an Topolino

APEMH Hébergement et Services A.S.B.L. · Luxembourg

Imported listingfull-time13 days ago

About The Role

Aide-Educateur (w/m/x) - SEAI Topolino

Schlussdatum 27/09/2026

D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Service d'Education et d'Accueil Inclusif "Topolino" zu Déifferdeng, Aide-Educateur (w/m/x) fir CDI - minimum 20 Stonnen/Woch- fir direkt oder no Ofsprooch.

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

Responsabilitéiten

Den inklusiv Educatiouns- an Betreiungsservice Topolino, hutt als Missioun déi non formal Bildung vun 78 Kanner am Alter vun 2 Méint bis 4 Joer ze garantéieren. D'Ziel ass et Inklusioun am Alldag ze liewen; zesummen mat den Elteren an engem pluridisziplinären Team.

Als Member vun eisem multidisziplinären Team, wäert Dir fir déi sozialpädagogesch Betreiung vun den Kanner responsabel sinn.

Dir huelt un der Betreiung an Orientéierung vun den Elteren deel.

Sollten Iech dës Missiounen zousoen, lueden mir Iech an ze postuléieren an Deel vun eis pluridisziplinär, dynamesch an motivéiert Ékipp ze gin!

Obligatoresch Ufuerderungen

Beruffserfahrung hunn

Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Kanner ze garantéieren

Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen

Eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen

Staarken Teamgeescht hunn

Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen

De Führerschäin Klass B hunn

Mir bidden

attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.

en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vu Kanner.

This is an external listing. JobSpring does not represent or verify the employer. Report this listing