Educateur gradué/diplômé (m/w/d) - Familjenstärkungsdëngscht - CDI - 75 % oder 80 %
Fondation Letzeburger Kannerduerf, Etablissement d'UtilitéPublique · Luxembourg
About The Role
Educateur diplômé (m/w/d) - Familjenstärkungsdëngscht - CDI - 75 % oder 80 %
Schlussdatum 19/08/2026
Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf
Är Aufgaben
Dir iwwerhuelt d'ambulant sozialpädagogësch Begleedung vu Kanner, hiere Elteren an hierer Famill a schwierege Liewenssituatiounen
Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger Betreiung
Orientéierung un de gesetzleche Grondlagen, de Konditiounen déi an der Convention-cadre festgehale sinn, dem nationale Rahmenplan vun der Kanner- a Familljenhëllef souwéi och den organisatiounsiwwergräifende konzeptuelle Grondlagen
Dir huelt un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an
Optragszoustellung a Facturatioun iwwert accords de prise en charge (APC) vum Office National de l'Enfance (mesure 8.1)
Zesummenaarbecht mat de professionelle Partner vun der AEF
Erstellung vu Berichter an Dokumentatioun
Äre Profil
Dir hutt en unerkannten Diplom Bachelorstudium an der Sozialpedagogik / Éducateur gradué oder eng Equivalenz oder den Diplom vum Educateur diplômé mat der « autorisation d‘exercer »
Dir hutt eng wäertschätzend Haltung an Handlungskompetenz an der Zesummenaarbecht mat de Kanner, Jugendlech a jonken Erwuessene souwéi och den Elteren/ Familljen.
Dir hutt Verantwortungsbewosstsein a staarken Teamgeescht.
Fachlech Kenntnisser an de Beräicher SOP, Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz, systemesch- ressourcen- a léisungsorientéiertem Denken si vu Virdeel, eng Bereetschaft zur Weiderbildung ass eng Viraussetzung.
Dir sidd bereet, Är Aarbechtszäite flexibel de Bedierfnisser vun Äre Clienten unzepassen, dat heescht: Dir sidd tëscht Méindes bis a Samschdes am Asaz och bis an den Owend eran.
Dir hutt e gudde Stress- a Krisemanagement.
Dir hutt gutt redaktionell Fäegkeeten.
Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch, a villäicht nach eng véiert Sprooch.
Dir hutt e Führerschäi B an een eegenen Auto
Mir bidden
- Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef.
- Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz.
- Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen.
- Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS.
- Sympass Kaart.
Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden
- Liewenslaf mat Foto
- Motivatiounsbréif
- Kopie vum Diplom
- Autorisation d'exercer
- Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.
This is an external listing. JobSpring does not represent or verify the employer. Report this listing
