Skip to content
← Back to job listings

Educateur gradué (m/w/d) fir d'Haus 6 zu Miersch CDI 75% - 80%

Fondation Letzeburger Kannerduerf E.U.P. · Luxembourg

External listingfull-time28 days ago

About The Role

Educateur gradué (m/w/d) fir d'Haus 6 zu Miersch CDI 75% - 80%

D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht engagéiert Fachleit, déi Kanner a Jugendlecher wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.

Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen an e reelle Bäitrag fir d'Zukunft vu Kanner a Jugendlechen leeschten ?

Da kommt an eng Equipe, déi Vertrauen, Engagement a géigesäitege Respekt lieft.

Fir eise Wunngrupp, d'Haus 6, déi Kanner a Jugendlecher, am Kannerduerf zu Miersch begleet, bidde mir en CDI 75% - 80% als Educateur gradué.

Dës Funktioun bitt Iech d'Méiglechkeet, Är fachlech a perséinlech Kompetenzen aktiv anzebréngen, Verantwortung ze iwwerhuelen an zesumme mat engem motivéierten Team d'Kanner a Jugendlech op hirem Wee ze méi Autonomie an enger positiver Entwécklung ze begleeden.

Gläichzäiteg leet d'Fondatioun vill Wäert op d'Weiderentwécklung vun hire Mataarbechter. Duerch reegelméisseg Formatiounen, Supervisiounen a fachlechen Austausch kritt Dir d'Méiglechkeet, Är Kompetenzen auszebauen an an Ärer professioneller Roll ze wuessen.

Är Aufgaben

  • Matwierken um Opbau an der Weiderentwécklung vun der Wunngrupp
  • Schafe vun engem strukturéierten, sécheren a pedagogesch begrënnte Kader am Team
  • Referenzerzéier/in vun enger oder zwou Jugendlechen
  • Ëmsetzung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Begleedung
  • Deeglechen Encadrement vun de Jugendlechen
  • Aktiv Participatioun un Teamreuniounen, Supervisiounen a Formatiounen
  • Ënnerstëtzung vun der Autonomie an der perséinlecher Entwécklung vun de Jugendlechen
  • Wat eis ënnerscheet
  • Mir investéieren an Är Entwécklung
  • Reegelméisseg Formatiounen (Bindung, Trauma, Kanner- a Jugendschutz, SOP, ...)
  • Praxisaustausch an Deele vu Fachwëssen
  • Kontinuéierlecht Léieren a professionellt Wuesstem
  • Aktiv Ënnerstëtzung vun Ärer fachlecher a perséinlecher Entwécklung
  • Eng Organisatioun an dauerhafter Weiderentwécklung
  • Strukturéiert Qualitéitsmanagement
  • Kultur vun der Reflexioun an der kontinuéierlecher Verbesserung
  • Weiderentwécklung vu pädagogesche Konzepter a Methoden
  • E professionellen a strukturéierte Kader
  • Zesummenaarbecht an engem engagéierten Team
  • Reegelméisseg Supervisiounen
  • Interdisziplinären Austausch mat verschiddene Fachberäicher
  • Kloer Strukturen a professionell Begleedung
  • Eng Missioun mat Wierkung
  • Begleedung vu Jugendlechen a komplexe Liewenssituatiounen
  • Ënnerstëtzung vun hirer Entwécklung an Autonomie
  • E konkrete Bäitrag zu hire Zukunftsperspektiven a Wuelbefannen

Äre Profil

  • Unerkannten Diplom als Éducateur gradué
  • Flexibilitéit fir Dag- a Nuetsschichten
  • Teamgeescht an Interessi u multidisziplinärer Zesummenaarbecht
  • Strukturéiert, reflektéiert a verantwortungsbewosst Aarbechtsweis
  • Ressource-, léisungs- a systemesch orientéiert Approche
  • Führerschäin B
  • Gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Franséischen an Däitschen; all weider Sprooch ass e Virdeel

Konditiounen

  • CDI 75-80 %
  • Remuneratioun laut CCT-SAS (C6)
  • Bestoend extra-legal Virdeeler
  • Dir wëllt Iech an enger Organisatioun weiderentwéckelen, déi geziilt an d'Qualitéit vun hire Praktiken an an d'Entwécklung vun hire Mataarbechter investéiert?
  • Da freeë mir eis op Är Kandidatur!

Luet w.e.g. follgend Dokumenter iwwer eise Formulaire erop

  • Motivatiounsbréif
  • Liewenslaf mat Foto
  • Kopie vum Diplom
  • Autorisation d'exercer (wann zoutreffend)
  • Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.

This is an external listing. JobSpring does not represent or verify the employer. Report this listing