Skip to content
← Back to job listings

Educateurs gradués (m/w/d) - Familjenstärkungsdëngscht Miersch an Esch (m/f)

Fondation Letzeburger Kannerduerf, Etablissement d'UtilitéPublique · Luxembourg

External listingfull-timeabout 2 months ago

About The Role

  • Educateurs gradués (m/w/d) - Familjenstärkungsdëngscht - CDI - 75 % oder 100 % - Miersch an Esch (m/f)
  • Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf stellt fir hiere Service Familjenstärkungsdëngscht
  • engagéiert Fachleit déi Kanner an hier Familjen
  • wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.
  • Dir sidd Éducateur gradué
  • an Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen
  • an e reelle Bäitrag fir d'Zukunft vu Kanner leeschten?
  • Da kommt bei eis an eng Equipe, déi zesummenhält, déi Vertrauen an Engagement lieft,
  • an déi all Kand a senger Eenzegaartegkeet respektéiert an ënnerstëtzt.
  • Zesumme schafe mir e séchert, stabilt an respektvollt Ëmfeld, an deem Kanner a Jugendlech sech kënnen entwéckelen, wuessen an hir Stäerkte entdecken.
  • Mir freeën eis op Är Kandidatur !
  • 2 Educateurs gradués
  • CDI 75% oder 80%

Miersch an Esch

Är Aufgaben

  • Dir iwwerhuelt, d'ambulant sozialpädagogësch Begleedung vu vu Kanner, hiere Elteren an hierer Famill;
  • Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger Betreiung
  • Orientéierung un de gesetzleche Grondlagen, de Konditiounen déi an der Convention-cadre festgehale sinn, dem nationale Rahmenplan vun der Kanner- a Familljenhëllef souwéi och den organisatiounsiwwergräifende konzeptuelle Grondlagen
  • Dir huelt un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an
  • Optragszoustellung a Facturatioun iwwert accords de prise en charge (APC) vum Office National de l'Enfance (mesure 8.3.)
  • Zesummenaarbecht mat de professionelle Partner vun der AEF
  • Erstellung vu Berichter an Dokumentatioun

Äre Profil

  • Dir hutt en unerkannten Bachelor Studium an der Sozialpedagogik / Éducateur gradué oder eng Equivalenz
  • Dir hutt eng wäertschätzend Haltung an Handlungskompetenz an der Zesummenaarbecht mat de Kanner, Jugendlech a jonken Erwuessene souwéi och den Elteren/ Familljen.
  • Dir hutt Verantwortungsbewosstsein a staarken Teamgeescht.
  • Fachlech Kenntnisser an de Beräicher SOP, Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz, systemesch- ressourcen- a léisungsorientéiertem Denken si vu Virdeel, eng Bereetschaft zur Weiderbildung ass eng Viraussetzung.
  • Dir sidd bereet, Är Aarbechtszäite flexibel de Bedierfnisser vun Äre Clienten unzepassen, dat heescht: Dir sidd tëscht Méindes a Samschdes am Asaz och bis an den Owend eran.
  • Dir hutt e gudde Stress- a Krisemanagement.
  • Dir hutt gutt redaktionell Fäegkeeten.
  • Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch, a villäicht nach eng véiert Sprooch.
  • Dir hutt e Führerschäi B.

Mir bidden

  • Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef.
  • Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz.
  • Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen.
  • Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (Carrière laut Diplom, maximum C6).
  • Sympass Kaart.

Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden

  • Liewenslaf mat Foto
  • Motivatiounsbréif
  • Kopie vum Diplom

Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot

This is an external listing. JobSpring does not represent or verify the employer. Report this listing