Skip to content
← Back to job listings

Geléierten Elektriker - Parc Merveilleux zu Beetebuerg (w/m/x)

APEMH, Société Coopérative · Luxembourg

External listingfull-timeabout 2 months ago

About The Role

Description de tâches

APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir den Parc Merveilleux zu Beetebuerg, een geléierten Elektriker (w/m/x), fir een CDI an Vollzäit, fir direkt oder no Ofsprooch.

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

Responsabilitéiten

Ënnerhalt vun den techneschen Installatiounen an de Gebaier am Parc Merveilleux.

Obligatoresch Ufuerderungen

D'Kandidate sollen

  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
  • iwwert Beruffserfarung verfügen
  • motivéiert sinn, fir polyvalent ze schaffen
  • motivéiert sinn, an enger Ekipp ze schaffen
  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
  • de Führerschäin Klass B hunn

Mir bidden

attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.

en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

This is an external listing. JobSpring does not represent or verify the employer. Report this listing